Wählen Sie Ihre Nachrichten​

BUGA 2011 mat Junk & Al Bollendorf-Breck

Den traditionellen Ausfluch mat Junk an Al vun der Bollendorfer-Breck gung dest Joer op Bundesgartenschau zou Koblenz. Em 9.00 Auer ass de Bus um Parking vum neien "Foyer d'Asyle" fortgefuer a géint 11.00 Auer si mir dann zou Koblenz ukomm. Den Daag konnt jidfereen sou gestalten wéi hien dat wollt. Den Rendez-vous fir erem zreck war géint 16.30 Auer geplangt. Dono si mer dann nach zou Meckel kurz virun Bitburg eppes Iessen gangen
an hun den Daag dann gemittlech ausklengen geloos.