Wählen Sie Ihre Nachrichten​

GRAFFITI JAM 2018


De leschte Weekend war nees wéi och schonn déi Joren virdrun den Graffiti Jam an der Cité R. Schmitz zu Boufer .


Nodeems Freides Mëttes d´Schüler vum Cycle 4.1 vu Luerenzweiler an engem Workshop beim "Jugendhaus an der Sonn " deen ënnert der fachmännescher Leedung vun internationalen Artisten geleet gouf voll Begeeschterung richteg Konschtwierker produzéiert hunn , war Samschdes Owes an enger klenger Receptioun zu Boufer op der grousser Mauer d´ Präisverdeelung. Bei dëser Geleeënheet gouf den Éierewäin vun der Gemeng Luerenzweiler zerwéiert.


De ganzen Samschdeg iwwer huet de Club des Jeunes Luerenzweiler an de Supporter Club vum FC Lorentzweiler fir Iessen a Gedrénks gesuergt.


Wärend dem ganzen Weekend konnt een deenen verschiddenen Artisten bei hirer Aarbecht iwwer d´Schëller kucken an wien drun interesséiert war konnt selwer e Graffiti Panneau oder T- Shirt sprayen.


Dat ganzt war wéi ëmmer vum Jugendhaus "An der Sonn " , der Gemeng Luerenzweiler an der Gemeng Lëntgen organiséiert.


Fotoen : Steyer - Fonck Alice a

Marguy Kirsch - Hirt

copyright