CONCERT AM SERVIOR “AM PARK” BOUFER





Gutt besicht war de Concert am SERVIOR ″ Am Park ″ zu Boufer dee vun der Chorale Ste Cécile Luerenzweiler offréiert gouf. Um Programm stoungen Chrëschtlieder wéi D´Natur huet sech an d´Rou geluecht , Lauschter mol , Harfenklänge méi och Lidder wéi Prendre un enfant par la main an Morning has broken .Dat ganzt stung ënnert der Leedung vum Theo Wanderscheidt an gouf um Piano begleet vum Julot Diederich. D´AMIBO huet no dem Concert e Patt offréiert.