Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Gléckssteng fir kriibskrank Kanner


Béiwen/Atert: Am Zesummenhang vun der Sensibiliséierungscampagne vum Centre hospitalier du Nord Ettelbréck „ Zesumme géint de Kriibs“ huet gläich duerno eng Kampagne an dem Kader vun der Solidaritéitsaktioun „ Gléckssteen“ ugefaangen. Dem Opruff ware vill Leit, Schoulen, Veräiner, Crèchen asw. niewt enger Partie renomméierte Kënschtler nokomm an hun och vill schéi Steng gemoolt a gestallt fir op dem Wee de Message vu Kraaft, Courage, Zouversicht, …. ze vermëttelen.

All déi Steng waren fir Patienten aus dem ganze Land a fir Strukturen déi si an hir Famillen ze ënnerstëtzen. Viru kurzem war d‘Madamm Anja Di Bartholomeo als „Responsabel Marketing a Communicatioun CHdN“ an den Haaptsëtz vun „ Een Häerz fir kriibskrank Kanner“ zu Béiwen/ Atert komm, fir der Vereenegung e puer schéi gemolt Gléckssteng ze brëngen, woufir sech d’Präsidentin Marie- Marthe Brück- Clees mat hirem Personal och ganz haerzlich bedankt huet. De Scheck iwert 6 240 Euro, als Deel- Erléis vun der Ausstellung Gléckssteen“ am Abrël am Cape war der Vereenegung zugonschten vun de kriibskranke Kanner schon am Virfeld iwerreecht gin. (TEXT/FOTO: CHARLES REISER)