Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Flott Ambiance um Rappdeckelbal

Bèiwen um Stau: en Sonndig de Mettig guff de Rappdeckelsbâl vun zwee Piraten geentert. Sie hun sech awer sèier matt de klengen Rappdeckelen zesummen gedon an matt hinnen een schèinen Nomettig verbruecht. Et guff gekämpft, gejaut eruewert,gewonnen, mèh nie verluer.

D'Schazkeschten vun der Tombola sin geplönnert gin. Taarten an Kuchen guffen en mass verdreckt,an munch Fläschen an Fässer sin eidel gemeet gin. Gèint den Owend sin die grouss an die kleng Rappdeckelen matt munchen Schäz aus der Tombola glecklich an zefridden mèi gutt mitt heem getreppelt.Een groussen Merci vun de Fraen a Mammen Kauneref un die zwee Piraten un de Musiksmann an all die gehollef hun. Bis zum nägsten Joer - mirkt iech schon den 12, Februar.