Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Maggy Wagner-Klemen vu Blaaschent ass an der Pensioun

Viru kuerzem huet d'Maggy Wagner-Klemen vu Blaaschent zesummen mat hiren Aarbechtskolleginnen aus dem Cactus-Miersch hiren Abschied gefeiert. D'Maggy huet 42 Joer an der Liewensmëttel-Branche geschafft, an dovun déi lescht 26 Joer am Cactus. Hir Kolleginnen aus dem Cactus, wou si ganz beléift war, hu si net schlecht mat Kadoen iwwerheeft. Elo, no 42 Joer Schaffen, wëllt si mat hirem Mann hiren Hobbien nogoen, dem Reesen, hire Blummen (d'Orchideeën), an hir zwee Enkelkanner versuergen. (C.)