Wählen Sie Ihre Nachrichten​

“Männer, starke Stimmen, grosse Songs” vun der Biwer Musek mat dem Steff Becker

D'Musek vun der Gemeng Biwer hat ob een flotten Cäicilie-Concert invitéiert ënnert dem Motto “Männer, starke Stimmen, grosse Songs” mat dem bekannten Sänger Steff Becker. Mat bekannte Wierker ewéi Hawaii Five-O, Santana – a Portrait, Robinson Crusoe, Grönemeyer an no der Paus A Tribute to Elvis, Louis Armstrong Medley, Stevie Wonder in Concert wousst den Ensemble ënnert der Leedung vun hirem Dirigent Fabian Konz, hiert Publikum ze begeeschteren. Zwëschenduerch huet den Solist Steff Becker musikalesch begleet vun der Biwer Musek e puer flott Highlights presentéiert vun “You are so beautiful, I´ll be there, Purple Rain, Hey Laura bis Waltzing Matilda”. Duerch den Owend huet d’Léa Mertens-Mai gefouert.

Bei gutt gefëlltem Haus gouf um Schluss vum Owend, dem Pit Nei, ob sengem lëschte Concert, fir seng laangjäreg Präsenz am Veräin mat villen Fonctiounen Merci gesot an een passend Geschenk iwwerreecht. Den Här Nei ass den lëschten aktiven Grënnungsmember vun der Biwer Musek. Hien war iwwert 40 Joer Komitee’s-Member, 10 Joer Sekretär, joerelaang Regisseur vun der Theateréquipe an dem Duerf-Beschass an villen weideren Fonctiounen.