Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Concert vun der Biwer Musek mat der Sängerin Shirley Winter

Virun vollem Haus wousst d’Biwer Musek gëschter Mëtteg hiert Publikum ze begeeschteren. Den Concert fir Cäciliendag ënnert dem Motto “The Women, tolle Frauen - starke Stimmen - große Songs“ gouf dirigéiert vum Fabian Konz. Special Guest war d ‘Sängerin Shirley Winter, déi mat flotten Melodien ewéi “La Vie En Rose” oder “Non, je ne regrette rien” vum Edith Piaf, “I am what I am” vum Gloria Gaynor, “Simply the Best vum Tina Turner an “Over the Rainbow” vum Judy Garland den Public ze begeeschteren wousst. Weider musikalesch Hightlights waren “A little Opening, A Tribute to Whitney Houston, Marry Poppins, A Tribute to Amy Winehouse, Rolling in the Deep, Maid of Orleans, Nena, Evita Highlights an I will follow him.
Bei Geleeënheet vun dësem Concert gouf der Madame Sylvie Benner-Steinmetz fir hir 35 Joer an Biwer Musek een passenden Kado iwwerreecht.