Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Cecilie-Concert ënnert dem Motto Let's dance

D'Biwer Musek hat den lëschte Sonndeg 16 November an den Centre Culturel "Fancy" zu Biwer ob e flotte Concert ënnert dem Motto "Let’s Dance” invitéiert. Zum Optakt huet ënnert der Leedung vum Jean-Paul Hinger den Jugendensembel séin Kennen ënnert Beweis gestallt. Ënnert der Leedung vum Fabian Konz gouf dem zahlreichen Publikum duerno eng Rees duerch Danzwelt gebueden mat den Musekstecker Flashdance, Lord of the Dance, Hot Latin, Rock around the clock, Bolero, A Tribute to Michael Jackson, Cha Cha Cuba libre an Y.M.C.A. Libertango an Second Waltz goufen dänzeresch begleet vum Claudia Ackermann an Raymond Camarda.
Bei selwechter Geleeënheet goufen zwee laangjäreg Memberen vun der Biwer Musek geéiert. Den Här Pit Nei, Grendungsmember, laangjärege Sekretär an Komitee-Member fir 60 Joer an den Här Albert Trombini, Komitee-Member an Archivar fir 50 Joer Memberschaft.