Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Biwer Musek meets Crime & Éierung vun verdéngschtvollen Memberen

Den Samsden 16. Abrëll hat d'Biwer Musek ob hiren Fréijoers-Concert ënnert dem Motto “Biwer Musek meets Crime” invitéiert. A Präsenz vum UGDA Vertrieder Raymond Peters an verschiddenen lokalen Éieregäscht wousst den Ensembel ënnert der Leedung vum Fabian Konz hiert Publikum ze begeeschteren. No der Entrée vum Jugendensembel mat den Stecker “Superspy” an ”The James Bond Theme” gouf den Haaptplat servéiert mat musikaleschen Highlights ewéi Miss Marples Theme, The Legend of Zorro, Crime Time, The Godfather, Skyfall, Mission Impossible, Nuclear Power, Fantomas, an The Blues Brothers Revue. Zum Schluss vum Owend goufen du nach “Les Gendarmes de St. Tropez” an “Ohne Krimi geht die Mimi nie ins Bett“ presentéiert. Speziell ob dësen Owend goufen awer och nach verschidden Musikanten an Memberen vun der Biwer Musek geéiert. Fir 35 Joer Déngscht am Intérêt vum Veräin kruten den Jean Punnel an d’Monette Schmit-Marx eng gëllen Auer iwwerreecht. Dësweideren goufen geéiert mat der “Médaille de mérite en vermeil avec palmette” fir 40 Joer UGDA d’Madame Sylvie Benner-Steinmetz (déi leider aus privaten Grënn deen Owend nët konnt derbäi sinn) an d ‘Hären Emile Kalmes (konnt krankheetshalber och nët derbäi sinn) an Roland Kasel fir 50 Joer UGDA mat der “Médaille en argent Grand-Duc Adolphe”. Den Lauréaten gouf als Merci fir hir Verdéngschter am Interessi vum Veräin een klengt Present iwwerreecht. Zu gudder Läscht huet duerno den Victor Selleslag no 31 Joer Amtszäit als Fähnerich vun der Biwer Musek, den Fändel offiziell un den Tom Weyer iwwerginn.