Wählen Sie Ihre Nachrichten​

TREPPELTOUR DUERCH BISSEN

Den 29 März um 09.00 Auer wor eisen Treffpunkt fir e flotten a gemittlechen Tour vun Asivema, mat enger 25 Leit, durch di wonnerschéi Biisser Bescher iwwert d'Velospist, laanscht d'Eisebunn bis op Colmer, bei der Geesmillen si mer laanscht d'Schwarzbach gaangen fir do, wou d'Schéierbaach eraus kënnt, laanscht d'Weiheren erëm ze kommen.

Den nächsten Tour as den 18. Abrëll (rendez-vous bei der Neelfabrik um 14.00 Auer) an zwar iwwert d'Attert-Linn (desen Tour as an Zesummenarbecht mam Asivema, der Maison de l'Eau vu Redange an der Ëmweltkommissioun vu Bissen organiséiert)

Fotoen: Paul an Daniel Schummer