Wählen Sie Ihre Nachrichten​

FËSCHBECH : Apéro-Tour mat der Asivema

An enger herrlecher Landschaft sin mir zu 30 Interesséierten mat engem Guide duerch- a ronderem Fëschbech getrëppelt.

Mir woren all iwwerrascht wi mer gewuer goufen, dat zu Fëschbech och Schwéierindustrie mat Héichouwen stongen, an dat schon virun ronn 200 Joer.

1778 gouf et och schon eng Pabeierfabrik an 2 Schmëtten an dene och Neel geschmied goufen.

Haut gesäit een nët méi vill vun all denen Gebeilechkeeten, mee d'Weieren sin nach emmer ze besichen.

Ab 1845 ston dunn d'Schlass zum Verkaf, wat dann och den Kinnek Wëllem III kaaf huet. Zu desem Zäitpunkt wunnt eisen Gran-Duc Jean an dem wonnerschéine Schlass.


Alles an allem e wonnerschéinen an interessanten Tour bei bëschtem Wieder.

Eisen nächsten Rendez-Vous as e Sondeg, den 26.8.2018 zu Koetschette bei Rammerich. R.V. um 09.00 Auer beim Centre Culturel (Parking beim Fussballsterrain)