Wählen Sie Ihre Nachrichten​

AUDITION D'ELEVES 2017 A BISSEN

Den 17. März hat d'Kulturkommissioun vun der Biisser Gemeng, zesummen mam Conservatoire du Nord, op hir traditionell "Audition d'élèves" agelueden.
Eng ganz Parti Leit konnten, mat Staunen, den flotte Programm nolauschteren. D'Jugend aus dem Konservatoir vesprecht op alle Fall eng héich qualitativ Zukunft.
Mat vill Disziplinn hun sie hire Programm souverän gemeeschtert an d'Auditeuren an och hiren Sous-Directer, den Här Blaise Stélandre, a Begeeschtereung versaat.
An de Klassen vum Isabel Grysperre wousst d' Giusi Carenza um Violon ze iwwerzeegen, an der vum Tijn Stoverinck hun d'Alexandra Stajt, d'Katarina Strajtova an d'Vera Rottili um Piano d'Leit verzaubert.
D'Klass vum Nico Koch mam Jerry Boulanger um Cornet an de Jean-Emmanuel Klein op der Trompett esou wei di vum Dominique Lecuivre mam Cloé Bieux an mam Mandy Thilman, allebeid op der Flûte traversière hun eng immens Prestatioun ofgeliwwert.
Aus de Klassen vum Mirjam Verheggen wor et d'Lucie Pham um Piano an aus der vum Roland Schneider d'Julie Ries um Saxophone di begeeschter hun.
D'Klass vum Sébastien Duguet konnt mat dem Johanna Paquet op der Clarinette, an mat séngem Ensemble "Quatuor de Clarinettes" mam Marie-Isabelle Schleider, Magali Da Silva Ferreira, Anouk Streicher an Kim Hoffmann fir "standing ovations" suergen.