Wählen Sie Ihre Nachrichten​

ASIVEMA TOUR ZU KOERICH

Am scheine Schnéi si mer zesummen beim Gréiweschlass fortgaangen fir iwwer Géiwel an de Miecher ze trëppelen, wou 1964 den Här Georges Kayser di éischt archéologesch Fouillen vun enger Réimervilla an d'Wëer geleet huet.

Op der Platz kruten mer vum H. Jacques Bonifas (President vun de "Georges Kayser Altertumsfuerscher vu Nouspelt") di néideg Informatiounen iwwert de Site virgedroen.

Um halwe Wee gouf et nach eng Iwwerraschung vun der Kärcher Gemeng bei engen klenge Feier.