Wählen Sie Ihre Nachrichten​

ASIVEMA ON TOUR ZU NOUSPELT - OP DE SPUEREN VUN DE MEROWINGER

Bei bëschtem Wieder a mat vill interesséierte Wanderer as et bei der Nouspelter Kierch lass gaangen.

Am Kär vu Nouspelt konnte mer schon villes gesinn aus der Vegaagenheet a kruten e sellechen Erklärungen.

Mir sinn duerch d'Gewaan Richtung Dondel gaangen a konnten dun dat schéint Amsebuerger Schlass bewonneren.

Dono koumen d'Merowinger Griewer un d'Reih.

Och konnte mer d'Plaaz gesinn, wou den berümten Nouspelter Lehm, fir di traditionell Péckvillercher, hier kennt.

Als Ofschloss vun eisem Tour kruten mer vum H. Jacques Bonifas den Ausgriewermusée vun de "Georges Kayser Altertumsfuerscher" gewissen an erklärt. D'Exponater gehéieren dem National Musée a ginn dem Nouspelter Musée zur Verfügung gestallt.