Wählen Sie Ihre Nachrichten​

ASIVEMA APEROTOUR ZU VIICHTEN

Bei wonnerschéinem Wieder sin mer vum Parking Schoulkomplex fortgaangen fir den Autopédestre 1 vu Viichten ze goen.

Richtung Biisen an de Geischbësch, biergop-biergof, duerch d'Gewaan, laanscht d'Mardellen (dobei kruten mer interessant Erklärungen).

No vill Natur goung et zeréck bei d'Viichter Gemeng wou eis den Här Romain Jacoby (Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn) ausféierléch a ganz interessant Erklärungen zu den Ausgruewungen vum berühmten Mosaik ginn huet.

Hien selwer huet och 2017 eng ganz Parti keltesch a réimesch Mënzen an der Géigend vu Schandel, Mechelbrouch an Useldéng fond.


(Biller vum Mosaik: Viichter Geschichtsfrënn & Jean Krier (MNHA) Photo: Vic.Fischbach)