Wählen Sie Ihre Nachrichten​

APERO TOUR ASIVEMA ZU BIISSEN

Um 09.00 Auer wor den Trëffpunkt um Parking bei der Atert. Et woren ronn 40 Leit mat, dorënner och en ëttléch Biisser.
Mir sin Richtung Sand fortgaangen, iwwert Pätzenäcker, bei den Uessestall um Weldschwäinwee.
Dunn e bessen um Wee vum Hirsch virugaangen, fir erof Richtung Beiwenerstrooss, an Richtung Prënzebunn, teschenduerch huet den H. Marcel Reiser, verschidden Erklärungen ginn.
D'Leit woren all zefridden an soen e ganz grousse Merci fir de Patt, offréiert vun der Gemeng am Veräinshaus.