Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De „Crash“ vum Ballon Nummer 6

Bei Sonnenënnergang um 24. Juli tauchen se op eemol iwwert dem Horizont zu Sëll op: Ballonen an de flottste Faarwen.

Wéi un enger Pärelsketten opgereit zéien d‘Ballonen majestätesch een no deem aneren a Richtung Miersch an déi ubriechend Nuecht dovun. Just vu Zäit zu Zäit gëtt déi schon bal onheemlech Stëll ënnerbrach vum heese Fauche vun de Brenner, wann een vun de Piloten e kuerze Stouss gliddege Gas duerch déi riesech Stoffhüll vun sengem Gefier jot.

Dunn de Schock: Direkt bei Béiwen verléiert ee vu de Ballonen op eemol séier un Héicht, kämpft sech nach mat vill Méi iwwer eng éischt Kopp, dunn déi zweet, fir kuerz duerno virun enger massiver Bëschreih ze kapituléieren. Wat ass geschitt?

D’Spadséiergänger an Vëlosfuerer, déi de Ballon onmëttelbar iwwert hire Käpp erofkommen gesinn hunn, si séier berouegt: Den Equipage vum Ballon Nummer 6 hat seng Aufgab vum Dag - d‘Setze vun 2 „Markeren“ an d’Erreechen vun engem „Goal“- pflichtgemäss erfëllt a wor duerno op der éischter Wiss hannert Béiwen, knapps 100 Meter vum Uertsschëld ewech, punktgenau gelant.

D’Aventure kann also virugoen, wann Ballonsfuerer de 27. Juli um „World Balloon Trophy 2011“ un de Start ginn.
(Cy)