Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Pensionäre vun der Betzder Gemeng feieren

Lues a lues, ass en no dem aneren a Pensioun gaangen, an a Vergiess geroden ass vill schéin Zäit wou mir all zesumme vill geschafft awer och vill gelaacht hunn.Vill vun eis hunn nach op enger klenger, zimmlech aarmer Gemeng geschafft. 2 Beamten am Büro, 4 oder 5 Aarbechter dobaussen. 1 Trakter koum spéider derbäi, d`Aarbechter si mam Vëlo op d´Schaff komm.Um Enn vum Mount war d´Geld knapp an et gouf geroden,näischt ze kafe wat net huet missen onbedéngt sinn, soss wieren d´Paien net geséchert gewiescht. Awer d´Stëmmung war ëmmer gutt, a wat hu mir bei eiser Chrëschtfeier gegeckst. All Joer hunn mir am Jeeër sengem Chalet gefeiert ouni Stroum an ouni Waasser. Mat Holz aus dem Bësch gouf de Grill gehetzt an de Mënni huet derfir gesuergt dat d´Fleesch gutt säfteg war a gerëtscht ass. Mir haten den Nomëtteg fräi a géint der Owend war de Wee fir heem oft schwéier ze fannen.

Alles huet geännert wie SES sech zu Betzder etabléiert huet, do komm Geld an domat och vill nei Awunner, et hat sech séier rëmgeschwat, dass et sech an der Betzder Gemeng gutt liewe léist. Schoulen an Verainhäiser goufe gebaut. Vill Aarbechter, si bäikomm, a fir de Service an de Büroe gouf e Schlass zu Bierg kaaft. Alles war schéin,awer déi Gemittlechkeet vu „Roodt“ war eriwwer. Trakteren, Maschinnen alles Méigleches gouf kaaft fir jidderengem Aarbecht méi licht ze maachen. Vun engem Vëlo gouf guer net méi geschwat. An ze Fouss op Aarbecht huet och kee méi misse goen.

Mir Pensionäre woussten esouvill ze erzielen, schued dat zwee vun ons net derbäi ware wéinst Krankheet. A wien mir allermeeschten op eiser Feier vermësst hunn, war eise gudden NORBY, den Norbert Goergen, eise Chef d´Equipe, eise Cantonnier, ëmmer gutt gelaunt a frëndlech. Leider ass den Norby mat sengen 92 Joer gesondheetlech net sou gutt drop a gëtt zu Jonglënster am CIPA gutt versuergt.


Mir hoffen eis nächst Joer rem zegesinn