Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Flotten Ausfluch vun de `"WiddeBierger 50+" aus der Gemeng Betzder

Den 18.Juni 2019 gung d´Rees op Idar-Oberstein. No engem Stop fir eng Kaffispaus zu Tréier geet et weider op Idar-Oberstein. Do besichtige mir „Höhlen vun der Edelsteinwelt an den Minen vum Steinkaulenberg „mat lokaler Féierung. Eenzel Membere koumen duerno mat schwéieren Tuten „stéereich“ zreck an de Bus. Géint 13.Auer gouf Mëttegiessen am Restaurant „ZUM SCHWAN“opgedëscht. Duerno war fräien Openthalt zu Oberstein. Do konnt jiddfereen säi Gléck fannen: schei Geschäfter mat edlen Steng a flott Terrassen hunn dësem Ausfluch zu engem schéinen Ofschloss gefuert an zefridden si mir géint den Owend heemgefuer.