Éierunge bei de „Widdebierger 50+“ aus der Gemeng Betzder.
Roodt-Syr.
Am Kader vun der Chrëschtfeier vun de Senioren „Widdebierger 50+“ goufen d´Jubilaren mat engem ronne Gebuertsdag geéiert. Präsidentin Madame Maria Greis huet hinnen durch de Buergermeeschter Jean-Francois Wirtz e schéine Blummebouquet iwwerreechen gelooss. Geéiert goufen fir 95 Joer d´Madame Leontine Demoulling-Schoos, fir 85 Joer d´Madame Margot Befort a jeweils 80 Joer al gi sin d´Madame Olga Hermann, d´Madame Nicole Ludwig an als „Hunn am Kuerf“ den Här Armand Schmit.