Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D"Widdebierger 50+" aus der Gemeng Betzder sinn "on Tour"

Dënschdes, den 3.Juli 2018 fuere mir op Aachen. Em 8 Auer, an dorop hält ons Präsidentin, d´Madame Maria Greis onbedéngt fest, gëtt den éischte Stopp gemach fir eng gemittlech Kaffispaus. Dorop frée mir ons ëmmer. Géint 11 Auer komme mir zu Aachen un a machen e bëschen Shopping. (Fir d´Fraen net laang genug.)

´

No engem prima Mëttegiessen am "Ratskeller" besiche mir de "Printenmuseum". De Bäcker wéisst ons, wéi den Deeg fir d´Printen zesummenengemixt gëtt. Hien erklärt ons och, wéi d´Printen an déenen verschiddene Formen gebaak gin.Mir kréien och gesoten, wat muss gemach ginn, fir dass Printen mëll oder haart bléiwen. Verschidden Zorten därfe mir schmaachen.


No engem lëschten kille Patt mache mir ons ërem op den Heemwée, zefridden an och ee bëschen midd.