Wählen Sie Ihre Nachrichten​

"D´Widdebierger 50+" aus der Gemeng Betzder

Mir mache Vakanz!!!!

D´Widdebierger 50+"aus der Gemeng Betzder hunn sech de 14.Juli 2018 zesumme fonnt fir eng schéi Feier virun der Summervakanz. Am Restaurant "le Relais du Chateau" zu Betzder sinn trotz dem waarme Wieder vill Memberen derbäi a loossen sech dat exzellent Iessen an e kille Patt gutt schmaachen.

Am Hierscht fänken d´Aktivitéiten nées un:.

Den 9.Oktober feiere mir eis Pappen.

Den 17.November ass d´Éierung vun eisen Senioren.

Den 11.Dezember hu mir eng grouss Krëschtfeier mat enger schéiner Tombola.


Bis dohin wënscht de Comité alle Memberen eng schéin a gesond Vakanz.