Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D´Widdebierger 50+


Mir mache Vakanz!‎ D´Widdebierger 50+ aus der Gemeng Betzder hunn sech zesumme fonnt fir eng schéi Feier virun ‎der Summervakanz. Am Restaurant „le Relais du Chateau“ zu Betzder sinn trotz dem waarme ‎Wieder vill Memberen derbäi a loossen sech d´Iessen an e kaale Patt gutt schmachen.‎ Am Hierscht fänken d´Aktivitéiten nees un. Den 9.Oktober 2018 feiere mir eis Pappen, den ‎‎17.Oktober 2018 ass d´Senioren-Eierung, an zum Schluss, den 11.12.2018 eis Krëschtfeier mat enger ‎schéiner Tombola.‎‎‎