Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Kabarä PEPpERONI zu Betten un der Mess

Zanter néng Joer steet de Kabaräsemsembel PEPpERONI zu Betten un der Mess op der Bühn. Esou och dëst Joer, véier Owender ass den alljährlech neie Programm virum voll besate Sall virgedroen ginn. Munch lëschtegen awer och e puer Texter fir s’iwwerleeë stoungen um Programm a sinn beim Publikum gutt ukomm. D’Acteuren Altenhoven Sabine, Jager Fränk, Halsdorf Jeannot, Neu Melanie a Neuman Jean hunn d‘Léit gutt ënnerhalen. E weideren Optrëtt ass de Samschdeg 29. Oktober zu Kielen am Musekssall. Do steet dann ee Kabarä-Dinner, organiséiert vun de Frënn vun der ATP a.s.b.l., um Programm . Ufank 19.00 Auer, Reservatiounen um 33 33 47 -1.

Weitere Neuigkeiten von Fränk Jager >