Wählen Sie Ihre Nachrichten​

A MUSICAL POSTCARD

Den 30ten September hat de Bléiserensembel Musica è, am Partenariat mat der Associatioun „Dippech hëlleft“, op e Concert ënnert dem Motto „A Musical Postcard“ an den Centre Culturel Norbert Sassel zu Betten un der Mess invitéiert.

D’Chorallen „Double Entendre“ an „Reebou Sänger“, allebéid ënnert der Leedung vun hirem Chef Pete Heley, hunn zu engem gelongenen Owend bäigedroe.

Et war der Musica è hiren éischten selwer organiséierten Optrëtt an si haten sech villes virgeholl. Wéi hire Chef an President, Jean-Claude Limpach ënnerstrach huet, war dëse Concert haaptsächlech zur Virstellung vum Ensembel an och vun hirem Museksstil geduecht.

Déi siwe Musikante woussten mat engem ofwiesslungsräichem Programme, den vum Samantha Schartz a vum Jean-Claude Limpach mat vill Kënnen, Witz a Charme presentéiert ginn ass, ze begeeschteren. Si hunn Stécker wéi „The Stars And Stripes Forever“, „Nessun Dorma“, „Jazz Potpourri“, „White Rose Elegy“, „Loch Lomond“ a “Besame Mucho“ dem Publikum virgedroe. Bei der „Kleinen Kneipe“ huet de Publikum sech net laang biede gelooss an huet dat ganz Stéck matgesongen.

Richtegen Highlight war dunn awer der Musica è hir Opféierung vum Michael Jackson sengem Welthit „Thriller“. Hunn si dach net matten am Stéck hier Instrumenter niddergeluecht an hunn eng flott a witzeg Choreographie dorops gedanzt.

Den Ofschloss vum Concert hunn di dräi Formatiounen zesummen d’Publikum mat de Stécker „Soli Deo Gloria“, „Can you hear“, „Hallelujah“ an „I dreamed a dream“ verwinnt.

Bleift just nach ze erwänen, dass d’Musica è Sonndes, den 6ten Mee 2018 am Nomëtteg hiren éischten Show-Concert ënnert dem Motto „Western“ wäert opféieren.

Weitere Neuigkeiten von Jean-Claude Limpach >