Wählen Sie Ihre Nachrichten​

1000 Euro fir de Ghana

Bettenduerf. Den 30. Mäerz 2019 hat d'Pompjees-Musik Bettenduerf hiren alljährleche Galaconcert, deen dëst Joer ënnert dem Titel Jambo Afrika, Hallo Afrika, stoung. De Galaconcert war kuerz no deems d'Mosambique vum Wirbelstuerm "Kenneth" verwüst gouf, an esou gouf decidéiert fir um Owend vum Concert Suen ze sammelen, fir dës an Afrika ze spenden.

De fréieren Dirigent vun der Pompjees-Musik Bettenduerf Marc Schiltz engagéiert sech schon eng Rei Joren bénévole am Ghana bei 3 ONG'en, esou ass de Choix op hie gefall fir d'Suen ze spenden; dëst aus zwee Grënn, éischtens fir sécher ze goen dat d'Suen op der richteger Plaz ukommen an zweetens fir méi eng kleng Fondatioun z'ënnerstëtzen. Esou huet de Marc Schiltz den 22. Juli 500€ fir d'ONG "Yafa Street and Needy Kids" an 500€ fir d'ONG "Decrwe Kids" kënnen an Empfang huelen, wou hien genau erkläert huet fir wéieng Zwecker dës Suen benotzt ginn.