Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Konveniat an der Gemeng

Den 1. September 1951 si 56 Beetebuerger Meedercher a Jongen, (Joergang 45/46) bei d’Joffer Lentz an d’Spillschoul gaangen.
Dëser Deeg hu sech fréier Komerodinnen a Komeroden erëmgesi fir hir 70 Joer ze feieren. Aus deem Grond huet och d’Beetebuerger Gemeng si op en Éierewäin agelueden.
Duerno goufe bei engem gudden Iessen am Restaurant Pefferkär zu Hunchereng vill lëschteg Erënnerungen ausgetosch.
Mam Verspriechen sech an dräi Joer erëmzegesinn ass ee schéinen Nomëtteg zu Enn gaangen.