Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Diamanten Hochzäit vun der Koppel Hoerold-Fries vu Beetebuerg

Den 10.August virun 60 Joer, hun d'Yolande Fries an den Henri Hoerold sech an der Kierch zu Beetebuerg bestuet.

D'Landy ass 1936 zu Beetebuerg gebuer. Als jonkt Meedchen huet si den Spëtzendanz geléiert. Am Alter vun 9 Joer ass si an den Beetebuerger Turnveräin gaangen, an och dran bliwwen, bis dat d'Landy den Seniorendanz zu Beetebuerg gegrënnt huet. Mat vill Leidenschaft leed si nach bis Haut den Danz Grupp 55+ vu Beetebuerg.

Den Henri ass 1932 zu Hënchereng gebuer. Ganz jonk huet hien am Kierchechouer zu Hënchereng gesongen, an dono an der Musek zu Beetebuerg Klarinette gespillt. Basket huet hien och gespillt, an am Turnveräin war hien aktiv bis zum leschten Optrëtt mam Härengrupp vum Le Réveil ënner der Leedung vum Här Pauly.

Souwoul Fréier ewéi och nach Haut mécht hinnen zwee gemeinsamt danzen vill Freed.

Zënter 1957 wunnen si zesummen zu Beetebuerg. Hire Stot ass mam Christian, Pia a

Manuel vergréissert ginn. Haut huet Koppel och fënnef Enkelen.

Am Krees vu Familljen an Frënn sinn déi 60 Joer Hochzäit gutt gefeiert ginn.Hinnen zesummen nach vill schéin , frou a gesond Joren derbäi an da kënne mir nach oft feieren. (Text/Foto : Mariette Hoerold-Ludwig)