Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Vum Himmel - Vum Tullio Forgiarini

24
Apr
2019
24 Apr 08 Mai 09 Mai 10 Mai 11 Mai 12 Mai

De Julien traut sengen Ae net, wéi hien am sengem Living eng Fraeläich fënnt. Wéi kënnt déi dohinner? D’Terrassendier wor ee klenge Spléck op. Et muss een him se erageluecht hunn. Vläicht ass se vum Himmel gefall? Hie rifft seng Ex un, well hie sech soss kee Rot méi weess. Awer d’Jessica ass guer net enchantéiert iwwert deen Telefon. Et dauert net laang a si hu sech, wéi ëmmer, an den Hoer, wéinst Banalitéiten, wat zum Beispill d’Kanner ugeet. Al Reproche komme nees op, well d’Jessica deemools mam Jean-François, dem Julien sengem Noper, eppes ugefaangen hat. Dobäi wollt de Julien guer net doriwwer schwätzen, mee just ee gudde Rot kréien, wat hie mat där Läich maache soll. Op Nofro vum Jessica stellt hie fest, datt et sech wuel ëm eng Moslemin handelt, wahrscheinlech ë Flüchtling. Schlussendlech proposéiert d'Jessica him, se einfach vun der Terrasse ze geheien. Hie kéint jo de Jean-François ëm Hëllef froen.

Dem Jean-François säi Liewen dréit sech ëm Geld, Alkohol a Sex. Hie fënnt déi nordafrikanesch Läich zimlech erotesch, bedauert, datt si dout ass, kéint sech awer nach mat hier ee gewëssenen Ritual virstellen … do geschitt eppes ganz Onerwaartes …

Den Tullio Forgiarini huet eng béis a sarkastesch Comédie geschriwwen. Mat vill Witz, vill Humor, dee sech och alt plazeweis zimlech schwaarz weist, gëtt eng Liewesform am Wuelstand, mat de Problemer, déi dësen och mat sech brénge kann, géint déi an der Nout vu Flüchtlinge gewisen.

Jean-François: „Just ë Stéck Fleesch …an ë schéint Liewen hat et secher net. Net wéi déi Entrecôte hei! Wousst de, datt d’Wagyuranner extra masséiert ginn, datt hiert Fleesch…?“

——

Den Tullio Forgiarini schreiwt Romaner, Theaterstécker an Dréibicher. An „Amok“, wat och verfilmt gouf, setzt hie sech mat der Verwahrlosung vu Jugendlechen zu Lëtzebuerg auserneen.

Hie gouf als Jong vun engem italienesche Papp an enger lëtzebuerger Mamm, den 14.8.1966 zu Lëtzebuerg-Neiduerf gebuer.


Inszenéierung
Jean-Paul Maes

Technik
Roland Jakobi

mam
Luc Lamesch / Timo Wagner / Rosalie Maes / Elena Spautz

Zu Beetebuerg am Schlass
24.4. 20h

08.05. 20h

09.05. 20h

10.05. 20h

11.05. 20h

12.05. 17h30

Virverkaf: Tel.: 621 59 36 19 ticket@kaleidoskop.lu