Wählen Sie Ihre Nachrichten​

REPAIR CAFE - Informatiounsversammlung

02
Feb
2022
02 Feb

e Mëttwoch, den 2. Februar 2022 um 19.30 Auer an der Buvette vun der Sportshal zu Beetebuerg (30, rue James-Hilliard Polk)


Wat ass e Repair Café?

Kleng elektronesch Geräter, Kleeder, Vëloen, Spillsaachen, kleng Miwwelstécker a villes méi hunn eng 2 Chance verdéngt a kënnen am Repair Café gefléckt ginn.


Gitt gewuer wat hannert engem Repair Café stécht a wéi dir iech als Benevole engagéiere kënnt. Dir hutt Spaass dru Saachen ze flécken an anere Leit äert Wëssen ze vermëttelen oder dir wëllt eng Hand bei der Organisatioun mat upaken, da kommt bis laanscht!


D’Zil ass et, ee Reseau vu Benevollen opzebauen, fir reegelméisseg Repair Cafés an der Gemeng an Ëmgéigend ze organiséieren an sou eppes fir d’Nohaltegkeet an eis Ëmwelt ze maachen.


Opruff fir Fräiwëlleger

Dir hutt Spaass dru Saachen ze flécken an anere Leit äert Wëssen ze vermëttelen oder Dir wëllt eng Hand bei der Organisatioun mat upaken, da kommt e Mëttwoch, den 2. Februar 2022 um 19.30 Auer an d’Buvette vun der Sportshal zu Beetebuerg.