Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Beetebuerger Theaterfrënn asbl spillt e KRIMI-DINNER

26
Apr
2019
26 Apr 27 Apr

Mir spillen aus der Fieder vum Christiane Kremer: "Mord op Ordonnance"

Resumé vum Stéck: " De Prof. Dr. Dr. Gabriel Martin invitéiert op säi 50. Gebuertsdag. Dofir luet hie seng Famill, Frënn, Perséinlechkeeten an och Iech op e grousst Festiessen an. Leider verleeft den Owend net wéi geplangt, well et geschitt e Mord. Fir d’Opkläerung vun dësem mäerdereschen Owend si mir op Äer Hëllef ugewisen!

- Mir spille Freides, de 26. a Samschdes, de 27. Abrëll 2019

- zu Beetebuerg an der Sportshal um 19 Auer 30, Apéro ab 18 Auer 30

- Telefonsnummer fir d'Reservatioun ass den 621 79 88 84

- de Virverkaf leeft vum 18.03. bis den 19.04.19 ëmmer tëschend 16 an 19 Auer

- De Präis ass 60€. Abegraff ass den Entréesticket, e 4-Gäng-Menü an 1 Gedrénks beim Apéro.

- Kontonummer BCEE LU60 0019 XXXX 1265 4000

- déi feelend 4 Zifferen kritt Dir bei der Umeldung um Telefon matgedeelt

- D'Iwwerweisung ass déi definitiv Umeldung

- Weider Detailer gi per Invitatioun zougeschéckt, wann d'Iwwerweisung do ass

Weitere Neuigkeiten von Beetebuerger Theaterfrënn asbl >