Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Vill eifrig Hänn bei der grousser Fréijoersbotz


Préizerdaul: Op Initiativ vun der Gemeng an der Zesummenarbicht mam Syndicat d’initiative Préizerdaul, haten trotz dem Convid-19 och dest Joer drop gehalen, fir die grouss Fréijoersbotz um gesamten Territoire am Préizerdaul duerchzeféieren. Dat relativ gut Wieder hat mat gespillt , esou dat ganz vill eifrig Hänn vun Veräinsmemberen, Jugendlicher mat de Läit aus dem Gemengen- a Schëfferot, ausgerëscht mat Sëcherheetsjaketten, Tuten, Gräifzangen, an Händchen, de ganze Moien, nom Briefing a Wieder vu Merci vum Buergermeeschter Marc Gergen, ënnerwee waren, fir d’Natur vu mutwëlleg weg gehéiten Géigestänn an Dreck ze befreien. Géint Mëtteg gouf et fir jidderreen e klenge Maufel vum Grill am Take-away als Merci fir de fräiwëlligen Asaatz an domadder beigedroen hun, dem Préizerdaul fir d’Fréijoer engt schéint Landschaftsbild ze vermëttelen. (CR) (FOTO: CHAREL REISER)