Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Neijoerschreceptioun mat Éierungen an der Gemeng Préizerdaul

D'Gemeng Préizerdaul hat op hir traditionell Neijoerschreceptioun an de Kulturzentrum agelueden. No de Wëllkommensgréiss vum Buergermeeschter Marc Gergen mam Schëffen- a Gemengerot an Neijoerswënsch, sin anhand vun enger detailléierter Power- Point Projektioun di vill Projeten vun der Gemeng Préizerdaul mat interessantem Aubléck och virgestallt gin. Duerno ass eng ganz Reih vun verdingstvollen Matarbechter, Musikanten a Sportler mat engem passenden Kado geéiert gin. An angenehmer Ambiance ass bei flottem Zesummesin op dat néit Joer ugestouss gin. (CR) (Fotoen: Charel Reiser)