Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Nationalfeierdag a flotter Ambiance


Préizerdaul: D’Feierlechkeeten am Kader vum Nationalfeierdag am Préizerdaul goufen dest Joer trotz der Covid- Pademie agelaut mat enger Mass mat uschéissemdem Te Deum, zelebréiert vum Curé- Modérateur Jean- Jacques Flammang a gesanglich souwi musikalisch verschéinert vum Gesanggrupp mam Fränz Glesener op der Uergel. Duerno ass ënnert de Kläng vun der Sonnerie aux morts eng Gerbe beim Denkmal niddergeluecht gin. No der Ried vum Buergermeeschter Marc Gergen, dee seng Gléckwënsch un d’Herrscherhaus iwwerbruecht huet, gouf d’Heemecht“ als Ofschloss vun der Préizerdauler Musik gespillt. Beim uschléissenden Volleksfest, organiséiert vum Dauler Fiederball & Racing Team Power Bull’s , dat och den aktuellen Covid- Normen ugepasst war, huet d’Philharmonie Préizerdaul e Concert- Apértitif zum Bäschte gin. Duerno ass a flotter Ambiance zesummen während e puer gemitterlich Stonnen zesumme gefeiert gin. (CR) (FOTOEN: CHAREL REISER)