Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Kuckeswert Ouschterkonschtausstellung mat interessanten Motiver

Trotz der Covid -19 Pandemie huet de Syndicat d'initiative an Zesummenarbicht mat der Gemeng Préizerdaul drop gehaalen, fir di schéin Traditioun während den Ouschterdeeg am Préizerdaul, operecht ze haalen. Eng kuckeswert Konschtausstellung ass am Kulturzënter Fabrik zu Platen ze bewonneren wou di verschidde Këntschler, Harry Daemen (Naturfotografien), Jeanny Thein (Skulpturen a Biller ), Liza Diederich (Biller ) a Marc Fetler Skulpturen a Spillsaachen aus Holz), hir Exponater an engem wonnerbaren Kader, ausstellen. D'Ausstellung mat fräiem Entrée ass op: Ouschtersonndig vu 14.00 bis 18.00 Auer an Ouschterméindig vun 10.00 bis 18.00 Auer. (TEXT a FOTOEN: CHAREL REISER)