Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Joergäng 1950 bis 1954 hun sech erëmgesin


Préizerdaul: Sech no ville Joeren no dem Primärschoul- Ofschloss an senger Heemechtsgemeng nees erëmzegesin, mëcht dene fréieren Schoulkomeroden ëmmer vill Freed. De Carlo Calmes an den Nico Wealer haaten fir dese Konveniat vun de Joergäng 1950 bis 1954 am Préizerdaul viru kuurzem ëmmerhin 40 Invitatiounen erazusgeschëckt wou der dann 18 drop gehaalen hun, fir dess Kéier och derbéi ze sin. Beim Éierewäin am Préizerdauler Gemengenhaus, huet den Nico Wealer di sympathisch Gesellschaft haërzlich wëllkomm geheescht éier de Schëffen Fernand Muller hinnen d’Gemeng mat hire ville Projeeën och kuurz virgestallt an jidderengem een angenehmen Obenthalt an senger Heemechtsgemeng gewënscht. Duerno hun di fréier Schoulkomeroden sech den gudde Menü am „Restaurant Mazzo“ zu Bieberich gut schmaache geloos. An angenehmer Atmosphäre sin während e puer flott Sonnen beieneen, vill Ërënnerungen aus der onvergiesslicher Schoulzäit an och aus dem passiven wi och aus dem aktiven Berufsliewen opgefrëscht gin. Beim Abschied war Eenegkeet esou engt Klassentreffen an Zukunft ze widderhuelen. (CR) (Foto: Charles Reiser)