Wählen Sie Ihre Nachrichten​

En Tour mam Vëlo duerch d'Gemeng


Préizerdaul: Am Kader vun der Aktioun“ Mobilitéit am Kanton Réiden“ organiséieren och dest Joer am September rëm di meescht Gemengen am Kanton Réiden ee gemittleche Vëlostour fir d’Bierger an dat am Kader vum „Tour du Duerf 2022“. Esou och am Préizerdaul wou begeeschtert Vëlofuerer um Samsden de Moien vum 17. September e flotten Tour iwert 18 Kilometer mat engem Héichten- Ënnerscheed vun 330 Meter vum Kulturzentrum aus, konnten starten. Nom Briefing vum Buergermeeschter Marc Gergen, den och alle Bedeeligten fir hiert Engagement Merci gesoot huet an och nom Tour op e gemittliche Patt am Bistro op der Fabrik zu Platen agelueden huet, sin och all gefueren Kilometer online agedroe gin, fir dann och spéider bei der grousser Verlousung derbéi ze sin. (CR) (Fotoen: Charel Reiser)