Wählen Sie Ihre Nachrichten​

E Schéine Geste vun der "Amicale Pompjeeën Préizerdaul"

5 500 Euro fir gut Zwecker verdeelt

Préizerdaul: D‘Amicale Pompjeeën Préizerdaul“ ass nach eng relativ jonk Vereenegung déi sech no der Grënnung vum CGDIS zu Lëtzebuerg, zum Zil gesaat huet, verschidden Aktivitéiten an der Gemeng Préizerdaul oprecht ze erhaalen. Et ass an der Zäit scho vill geschafft gin an di verschidde Fester am Duerf haaten och Dank enger perfekter Organisatioun, ëmmer e groussen Erfolleg. Duefir ass och Mol geduecht gin fir denen eppes ze gin déi op Spenden ugewisse gin. Am Kader vun enger sympathischer Feierstonn, déi viru kuurzem am Kulturzenrum zu Platen stattfond huet, konnten gläich fënnef Schecken iwert 5 000 Euro verdeelt gin. Agaangs huet de President Paul Janssen all denen Merci gesoot, déi ëmmer bereet waren fir iwerall mat Hand unzepaaken an och seng Freed ausgedrëckt fir een Deel aus der Veräinskees fir gudd Zwecker virun ze gin. Den éischte Scheck iwert 1 000 Euro huet Nathalie Gremling mam Marie- Josée Araujo entgéint geholl, den fir di aktuell Projeeën, fir nei Heiser am El Salvador ze bauen an dat Dank der Ënnerstëtzung vun der „ONG -Komm Hëllef mat Préizerdaul“, realiséiert gin. E weidere Scheck vun 1 000 Euro huet den Här Jean- Marie Boden fir „ALAN Lëtzebuerg“ -maladies rares -mat groussem Merci iwerreecht kritt. ALAN besteht säit 1998 a setzt sech fir Mënschen an, déi mat enger seltenen Krankheet liewe mussen. Fir de Scheck vun 1 000 Euro, den d‘Cindy Hary zugonschten vun der säit 2018 gegrënnten Vereenegung „Zaubere mat Stoffrëschter “ mat Sëtz zu Lëtzebuerg besteet, an déi sech zur Aufgab gemeet huet, éierenamtlich a gratis, kleng Bodys, Hiemercher, Huesen Schlofsäck an Decken asw. aus farwichen a vun Privatleit gespendeten Stoffrëschter fïr Früchen a Stärekanner ze bitzen, déi dann un di verschidden Entbindungsstationen am Land souwi un Intensivstationen verdeelt gin. De Marc Rehlinger huet sech och gefreet, fir de Scheck iwert 1 000 Euro, den der „Fondatioun Kriibskrank Kanner “ zugut könnt, den integral fir Fuerschungszwecker fir d’Kanner déi vun deser schlëmmer Krankheet betraf sin, agesaat gett. Och de läschte Scheck iwert 1 000 Euro geet un d’Aktioun „Télévie“ den den David Valent am Optrag vum Diane Wunsch, Koordinatorin vun deser Spenden -Aktioun weider gett. Am Virfeld waren schon 500 Euro fir Liewensmëttel agesaat gin, déi viru kurzem bei der grousser Hëllefsaktioun fir d’Ukraine zu Sëll konnten mat iwerreecht gin. Nodeems dat di verschidden Scheckempfänger hir Projeeën verbonnen mat engem grousse Merci kurz virgestallt hun, huet de Buergermeeschter Marc Gergen der lokaler Amicale vun de Pompjeeën am Préizerdaul séi Luew ausgesprach fir di wonnerbar Aktioun, Suen am Dingst vun aaneren Mënschen och sënnvoll anzesetzen. (CR) (Foto: Charles Reiser)