Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De Préizerdaul rëscht sich fir OUSCHTEREN 2014

Wann der an nächster Zäit durich de Préizerdaul fuert, da wäert der direkt feststellen, dass am Daul geschwënn d'Ouschterféierlichkeeten 2014 stattfannen.

Dëst Joer hu mer eng super Deko mat de Schoulkanner aus der Préizerdauler Schoul gemaach fir dës Féierlichkeeten anzelauden ....

Am Ganzen verschéinere 16 riesig, léif bemoolten Ouschtereeër ons Luuchtepotoen am Préizerdaul. All Schoulklass aus dem Daul huet sich un dëser flotter Aktioun bedeeligt. Bewonnert déi eenzel Konschtwierker déi aus dëser Zesummenaarbicht entstane sinn.

Bis diemnächst am Préizerdaul um groussen Ouschterfest 2014.

Den detailéierte Programm fannt dir op preizerdaul.lu/ouschteren

Syndicat d'Initiative Préizerdaul