Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De Meekranz 2022 mat der Préizerdauler Musik


Préizerdaul: E Meekranz op dem Dag vum 1. Mee gehéiert zënter laange Joeren zur Traditioun vun der Préizerdauler Musik. Esou och dest Joer wou Moies fréih schon mat vill Geschéck , Spaass an Ausdauer de Meekranz vum Joer 2022 zesummen gebonnen gin ass. Géint Mëtteg hun sech Musikanten beim Gemengenhaus versammelt, fir de Meekranz tëschent de Fändelen vu Lëtzebuerg an der Ukraine opzehänken. Duerno ass zesummen de ganze Mëtteg bei gudder Atmosphäre a Komerodschaft och viru gefeiert gin. (CR ) (Foto: Charel Reiser)