Wählen Sie Ihre Nachrichten​

40 Kanner waren bei der Coupe Scolaire am Préizerdaul aktiv um Velo

Bei der Coupe Scolaire 2022 am Préizerdaul wou 40 Kanner aktiv um Velo derbéi waren, stong d'Sëcherheet am Verkéier un éischter Stell. Ugaang hun d'Agenten vun der Police de Kanner erklärt, wéi si am Verkéier mat hirem Velo sollen oppassen an sech och richtig solle verhaalen. No enger technischer Kontroll vun de Veloën, gung et lass durch de Préizerdaul, wou d'Streckeposten alles notéiert hun wat richtig an och nit esou gut war. No de Wieder vu Merci an der Verdeelung vu Präisser a Kadoen ass duerno fir di richtig Stärkung mat dem néidige Gedrënks och bëschtens gesuergt gin. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)