Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Maart am Bieschbecher Ateliet

14
Aug
14 Aug 21 Aug 28 Aug 04 Sep 11 Sep 18 Sep

Maart am Bieschbecher Ateliet

D’Bieschbecher Atelier Sàrl vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung invitéiert wärend de Summerméint ëmmer Freides, tëschent 10 an 12 Auer op hire Wochemaart.

Am Mount Juni a bei guddem Wieder kruten d’Leit op der Terrass vum Atelier, hausmaacher Patisserie, selwer gebakent Brout, verschidde Blummenarrangementer, an Deko’sartikelen aus Keramik an Holz ugebueden. Virun allem gouf bei dëser Geleeënheet frësch Uebst a Geméis aus eegenem Gaart proposéiert. Mir bidden och all Freideg e klenge Snack (Gegrills, Quiche, Zopp …) als Mëttegiessen un.

Rendezvous gi mer Iech 1x d‘Woch ëmmer freides, an dat nach bis den 18. September 2020.