Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Aweiung vun der Kläranlag Bieréng/Miersch

D’SIDERO-Kläranlag Biereng/Miersch mat 70.000 „Einwohnergleichwerte“ fir d’Gemengen Walfer, Steesel, Luerenzweiler, Lentgen a Miersch as a Präsenz vun der Emweltministesch den 14. Oktober 2016 ageweit gin. No bal 6 Joer Arbëcht konnt des Anlag ëlo offiziell ageweit gin. Si as e wesentlechen Bestanddeel vum SIDERO Masterplang, fir d’Gewässer zu Lëtzebuerg nach méi propper ze maachen. D’Anlag zu Biereng as eng vun denen gréissten a modernsten aus dem Land an déi gréisst Anlag, déi de SIDERO mat sengen 26 Members-Gemengen bedreift.
Den Samsdeg, 15. Oktober war dun eng Porte ouverte vun moies 10:00 Auer bis 17:00 Auer. Et sin Führungen gemaach gin wou déi intresséiert Leit sech konnten e Bild vun der ganzer Technik déi am Asaatz as op der Anlag maachen. Am ganzen konnten ronn 400 Leit geziëlt gin, déi kucken komm sin.