Wählen Sie Ihre Nachrichten​

AMM-Online

AMM-Online

Bei Geleeënheet vun der Generalversammlung vun der A.s.b.l. Amicale 5 X Beringen hunn déi Verantwortlech der AMM-Online, Arbeitsgemeinschaft Multiples Myelom-Online, e Chèque vun 2.500 € iwwerreecht. AMM-Online ass eng Hëllefsorganisatioun, déi hiert aktuellt Wëssen an Informatiounen ronderëm de Multiple Myelom, iwwer eng online Plattform un déi betraffe Leit virugëtt .Et ass e Patienteforum, wou se sech kënnen informéieren awer och géigesäiteg austauschen. Sou sinn an deem Forum bis haut eng 2.500 Patienten a Famille registréiert. Multiple Myelom ass eng béisaarteg Erkrankung vum Knachemuerg, deen Deel vum Immunsystem ass. An der EU sinn et 4-5 Mensche vun 100.000, déi all Joer nei dovu betraff sinn. AMM-Online ass eng reng bénévole Organisatioun, wuerfir se natierlech op Spenden ugewisen ass.

(Text/Foto: Henri Krier)

Weitere Neuigkeiten von Henri Krier >