Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Theaterfrënn Pëtten spillen Éirens am Néirens

11
Jan
2019
19 Jan

Wéi déi leschte Joeren trieden d’Akteuren vun den Theaterfrënn Pëtten erëm an der Hal Irbicht zu Biereng/Miersch op.

" Éierens am Néierens "

heescht e Koméidisstéck an 3 Akten vum Wolfgang Binder iwwersat vum Pierre Alzin dat si

freides a samschdes, den 11., 12., 18. an 19. Januar 2019, zu Biereng an der Hal Irbicht, all Kéiers ëm 20.00 Auer opféieren,

sonndes, den 13. Januar ass eng Matinée virgesinn déi um 16.00 Auer ufänkt.

Verkéiersaccident mat engem Doudegen. Fir de jonke Robert Georges ass d’Liewen eriwwer, ier et esou richteg ugefaangen huet. Dobäi war hie grad um Wee bei seng Frëndin Claire, fir deem sengen Eltere fir d’éischte Kéier virgestallt ze ginn. Elo stellt sech awer d’Fro: Himmel oder Hell ? Eng Fro, op déi den Här Engels an d’Madamm Deibel, d’Vertrieder vun dësen “Institutiounen”, net esou liicht eng Äntwert fannen, well de Liewes(ver)laf vum jonke Mann net eendeiteg genuch war. Duerfir gëtt de Robert einfach zréck op d’Äerd geschéckt. Geléngt et him, bannent 24 Stonnen d’Wourecht an nëmmen d’Wourecht ze soen, dann hätt hie sech eng Plaz am Himmel verdéngt. Am anere Fall geet de Lift fir hien no ënnen a sou gesäit hie sech gezwongen, pikant Detailer vu sech ze ginn a wéi et dunn zum Eclat kënnt, maachen dem Robert seng ausserierdesch Begleeder eng fatal Decouverte ….

Ënnert der Regie vum Gérard Heitz spillen: Will Aust, Claude Haubrich, Julie Heusbourg, Lea Kauffmann, Rafael Parrinha, Arlette Reder, Ed Schwarmes an Aline Wiltzius.

Pësperkëscht : Marianne Chlapek a Max Hübsch

Plaze kënnen vum 27. Dezember un ënnert der Telefonsnummer 691-57 14 17 vun 18.30-20.30 Auer reservéiert ginn oder iwwer Mail theaterfrennpetten@gmail.com

Den Erléis vun der Première geet integral un den Télévie