Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Petitioun Schmäerztherapie

Moien,

Hat dir schon eng Kéier extreme Wéi, z.B. Zännwéi? Kënnt dir Iech virstelle, wéi et ass esou e Wéi permanent, 24h/24h, iwwert Joeren ze hunn? Dat ka jhiddferengem vun engem Dag op deen anere geschéien, sief et duerch eng Krankheet, en Accident oder eng Opératioun. Och mäi Liewen huet sech vun enger Minute op déi aner verännert. Ech si virun 8 Joer einfach nëmmen ëmgeknéckst an doduerch ass en seelen Erkrankung ausgeléist ginn. Säitdeem hunn ech permanent staark Péng.

Mat dësem Schreiwen, wëll ech Iech drop opmierksam maachen, datt mir zu e puer Patienten, den 13.03.2012 déi éischt Organisatioun fir chronesch Schmäerzpatienten hei zu Lëtzebuerg gegrënnt hunn. Mir sinn um Handelsregëster ënnert der Nummer F 9066 agedroen.

Offiziell existéiere keng Zuelen an Daten zu dëssem Krankheetsbild um Ministère de la Santé, weder vun Erwuessenen nach vu Kanner. Schätzunge schwätze vun 20.000-25.000 Patiente mat grave Problemer hei am Land.
Leider geet d‘Entwécklung a punkto Schmäerztherapie de Moment hannertzeg amplaz no vir.
Enn 2013 gëtt d‘Clinique de la douleur an der Zitha zougemaach, wëll d‘Spidol trotz Ufro kee Personal fir dësse Service accordéiert kritt huet, och wann de Gesondheetsminister a senger Äntwert op d‘Question parlementaire vum Här Kartheiser am Här Colombera eppes anescht behaapt. Am CHL, zu Ëttelbréck an zu Esch besteet och e massive Personalmangel, esou datt een 7-12 Méint op deen éischte Rendez-vous waarde muss.

Den Här Bartolomeo huet selwer gesot, datt d'Nomenclature vun den Dokteschakte keng spezifesch Tariffer fir eng Schmâerzklinik oder e sougenannten Schmâerzcenter firgesäit.

Et ass also wichteg, datt op deem Gebidd endlech eppes ënnerhol gëtt. Aus dëssem Grond huet ALPADOC eng Petitioun gestart, fir den Erhalt an den Ausbau vu Schmäerztherapie zu Lëtzebuerg ze fuederen. D‘Zuel vun den Ënnerschrëften weisst eis, datt och hei am Land e Besoin besteet.
Och äer Ënnerschrëft ass wichteg!
Ech géing iech bieden och är Famill, Frënn, Bekannten an Online-Bekanntschaften ze motivéieren dëss Petitioun op http://www.alpadoc.lu ze ënnerschreiwen an et dann och un hier Frënn weiderzeginn.
Emsou méi, wëll de 24. Mee d'Doktere vum CLA (cerlce luxembourgeois d'algologie) e RV mat eisem Gesondheetsminister a mat Vertrieder vun der Krankekeess hate, fir ze kucke wéi et dann elo soll weidergoen. Bei der Entrevue ass awer näischt Konkretes eraus komm, ausser datt elo emol eng Enquête bei de Spideeler gemaach gëtt, fir ze kucke wien interesséiert ass, an da soll am Hierscht iwwerluecht gi, wat méiglech resp. politesch erwënscht ass.
Dat heescht also, datt weiderhin an der Zitha keng nei Patiente méi ugehol ginn, wëll nach ëmmer kee wees op dee service bestoe bleiwt. Am CHL hun d'Dokteren nach ëmmer net méi Stonne fir Schmäerztherapie an et muss een nach ëmmer méintlaang waarde fir e RV ze kréien.

Dowéinst ass et wichteg esouvill Ënnerschrëfte wéi méiglech ze kréien.

Vue datt awer net jhiddferen d'Méiglechkeet huet dëss Petitioun online ze ënnerschreiwen, hu mär och e Formulaire, dat een ënnerschreiwe kann.
http://www.alpadoc.lu/cgi-bin/web.pl?site=main&page=info/petitioun
Dir kënnt iech dat och gären erausprinten an domadder an ärem Bekanntekrees Ënnerschrëfte sammelen.
Déi ausgefëllte Lëschte (och wann nëmmen e puer Ënnerschrëften drop sinn) kënnt der dann un
ALPADOC
16, rue des Champs
L-3314 Biergem
schécken

Nach eng Kéier merci ( am Numm vun alle Schmäerzpatienten) fir är Ënnerstëtzung