Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Marche Gourmande

Marche Gourmande
De 29. Mee war di 4.Oplag vun der Marche Gourmande zu Bäertrëf organiséiert vun der Harmonie an de Pappen a Männer. Bei schéinem Wieder hunn 640 Leit de Wee op Berdorf fonnt fir ënnert dem Motto „Iessen a Wanderen ,en Erliefnis fir Jonk an Al „ déi schéin Berdorfer Landschaft ze genéissen. Vun 10 Auer un war den Depart am Maartbësch ,gestäerkt mat enger Coupe Lëtzebuerger Cremant an enger Amuse-bouche goung di éischt Etappe duerch Berdorfer Fielsen . No enger Zopp op der Consdorfer Strooss , enger Entrée am Amphithéater ,an engem Sorbet ënner Wee ass den Haaptmenüe am Centre Culturel zerwéiert ginn . No engem Kéisteller um Hammhaff ass et zeréck an de Maartbësch gaangen fir mat engem gudden Dessert ofzeschléissen. Dësen Dag war e groussen Erfolleg an d´Leit aus allen Ecke vum Land hunn eng schéin Erënnerung vun eisem Duerf an der Landschaft matt heem geholl.