Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Kommiounskanner vun Berdorf spenden un Fondatioun Kriibskrank Kanner

Kanner vu Berdorf hunn sech mat der Mme Josiane Mirkes, Pfarrassistentin zesummen gesat fir wärend der Adventszait, Adventskränz an Chrëschtkäerzen ze bastelen. Verkaaft gouft dat ganz no den Massen déi dann se Berdorf, Bollendorf dann gehalen goufen, mat Glühwäin, Choky, Stollen an Wäffelcher. Kanner hunn entscheet déi gesammelt Suen fir een gudde Zweck ze spenden. Kanner hunn insgesamt 2215.-€ gesammelt déi sie un Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent hunn.