Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Gemeng Bäertref - Sportleréierung 2017

Traditionell éiert d’Gemeng Bäertref hir erfollegräich Sportler an Sportsveräiner bäi der offizieller Feier um Virowend vum Nationalfeierdag. De Palmarès war dëst Joer besonnesch grouss, dat mat folgenden Laureaten: Dorothée Bollendorff am Reitsport, d’Elina Ecker am Handball als Spillerin vum HB Museldall déi dëst Joer de Lëtzebuerger Champion an de Coupe-Gewënner stellen, d’Claudine Koch mat enger Partie Medailen bäi den Nationalen Meeschterschaften an den Special Olympics, D’Nadine Resch als Vizechampion U14 am Sportfëschen, de Gilles Seywert mat enger Partie nationalen an internationalen Titelen am Compound-Bouschéissen, den Jo Schmiz mat nationalen Titelen an der Liichtathletik. Bäi den Veräiner goufen geéiert de Joe Muller vun Wäissen Schéiferhënn Veräin an d’Isabelle Mertz vum Agility Honn’s Veräin 4 running Paws fir hir national Champion’s Titelen, den DT 1962 Berdorf mat 6 opgestigenen Equippen a enger Partie nationalen Titelen am Dësch-Tennis, an den Fussballveräin US BC 01, wou d’Ententeequipe vun den Dammen d’Coupefinall erreecht huet, an d’Minimes opgestigen sënn.